D’Formel 1 ass zeréck an Europa! Ka Red Bull sech fir d’Miami-Defaite revanchéieren? Oder suergt Ferrari beim Heemspill fir eng Tifosi-Party?
Zu Miami huet de Lando Norris net nëmme sech selwer, mee déi ganz Formel 1 erléist. De McLaren-Pilot huet seng alleréischte Victoire gefeiert, an huet gewisen, dass Red Bull a Verstappen duerchaus ze schloe sinn. Nodeems d’Formel 1 fir déi éischt 6 Courssen queesch duerch d’Welt gereest ass, fänkt um Traditiounscircuit vun Imola d’Europa-Saison un. Déi gëtt awer net manner intensiv! An de Fabricke lafen d’Entwécklungsdépartementer op Héichtoure fir den Auto quasi bei all Course ze verbesseren. Fir Imola huet ënnert anerem Ferrari ee gréisseren Update ugekënnegt. D’Tifosi hoffen op déi éischte Ferrari-Victoire an Italien zënter Monza 2019. Suivéiert de FORMULA 1 MSC CRUISES GRAN PREMIO DEL MADE IN ITALY E DELL'EMILIA-ROMAGNA 2024 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.
Bei allen Europa-Courssen weise mir d’Fräi Trainingen net nëmmen an Stream op RTL PLAY, mee och live op RTL ZWEE.
Wéi gewinnt kënnt Dir während de Fräien Trainingen dem Tom Hoffmann Är Froen a Remarque schécken. Vun elo u geet dat nach méi einfach, an zwar iwwert eis nei Whatsapp-F1-Nummer 621-777 888